Sorry fir deen Duercherneen mam Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit

Thu. 16. February 2017, 20:00 Heure

Infos

SORRY FIR DEEN DUERCHERNEEN
2016: ënnert d'satiresch Lupp geholl
Text: Jhemp Hoscheit
mam: Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit

Et ass eng ofwiesslungsräich, kabarettistesch Liesung iwwert dat, wat 2016 national an international geschitt ass. De Jhemp Hoscheit – zesumme mam Jules Arpetti – maachen e polit-satiresche Réckbléck, eng Chronik iwwert d'Aktualitéit vum vergaangene Joer mat bëssegen, kriteschen a wuertwitzege Commentären. Et ass eng Liesung wéi aus engem Roman. Aus engem Goss. Et ass awer keng Fiktioun, mee d'Realitéit. Mount fir Mount. An och wann d'Aktualitéit net ëmmer lëschteg war, gëtt se mat Humor an Ironie op d'Schëpp geholl.
De Jhemp Hoscheit, deen Enn vun den 80er Jore mam Jemp Schuster als J(h)emp2 opgetratt ass, an de leschte Jore mat senge Romaner mam Jules Arpetti op véier Liestournéë war a fir déi lescht véier Cabarenert-Programmer matgeschriwwen huet, huet elo fir d'éischt e ganze Cabaretprogramm geschriwwen, deen op d'Tournée wäert goen.
Dee satiresche Spaass gëtt mat musikaleschen Intermezzi vum
Diginights ist nicht Veranstalter dieses Events. Die Events werden von Veranstaltern, Locations eingetragen oder über Schnittstellen eingespielt. Wir sind lediglich Hostprovider und daher nicht verantwortlich für Inhalt oder Grafik. Bei Verstößen gegen das Urheberrecht verwenden sie bitte die "Annoncer événement" Funktion.